Renert, IV. Gesank

Verse 289-380


  »Ech biede, beicht méi séier,
a maacht mer d'Saach méi liicht,«
sot Grimpert du zum Renert:
»Wi gung et um Geriicht?«

»Do as den Hok,« sot Renert,
»gutt Leit hun mir gehollef:
Beim Tausch behoul ech d'Dubbelen,
an d'Brigel krut de Wollef.

Mäi Wollef gouf beaarbecht
no laut dem Code-zewill:
Ech duecht e spréng zum leschten
äis bluddeg aus dem Still.

Ech sot ,Mä kuckt, Här Riichter,
do gët de Groe rout;
en as Republikaner!
Da schlot den Näischtert dout.

Deen International do!
Ma briecht em Hals a Been!
Dat géif äis och nach felen,
kéim deen nach noëneen!

Mer hun deer Kommunisten
schuns ouni hie genuch,
se si fir Räich an Arem
a fir d'ganz Welt e Fluch.

Ech war gewëss jo selwer
nach allzäit liberal,
mä wou? a wéi? a keemol
ze spéit an nët ze bal.

Ech hun Iech um Gewëssen
nach nët emol di Boun,
ech krut méng Schof an Huesen,
nach all durch Annexioun.'

An du zum Leschte sor ech:
,Oä! nu loost e lafen;
Der hutt e jo gezeechent:
't wäerd kee fir gutt e kafen.'

't as alles. Gët, Här Pater,
mer d'Bouss; ech dun se ganz,
a ging e fir en Ouer,
och fir mäin halwe Schwanz.«

Sou sot de Fuuss demiddeg,
louss Schwanz an Ouren hänken
a mouch, als hätt e wëlles
séng Bessronk unzefänken.

Den Dachs zitt déif den Otem
a mécht, als wann e biet
da fängt en un ze schwätzen,
als wéi e Pater riet:

»O bessert dach Iert Liewen
a schwiirt der Falschheet of.
Sid klug wuel als wi d'Schlaangen,
mä frumm als wi a Schof.

Demiddeg sid vun Hiirzen
a gläweg wi e Kand,
gehoujhem sid géint d'Geeschtlech;
a riicht Iech no dem Wand.

Behutsem sid am Liesen,
soss geet de Glaf Iech fort,
a liest keng aner Zeitonk,
als d',Luxemburger Wort'.

Besonnesch meit den Danzsall,
dat as eng weltlech Freed;
Do richt et staark nom Knuewlek,
mäi Kand, als wi mer seet.

A gleeft och nët, wat aner
Iech so vum neie Liicht
well dat versengt de Pelz Iech,
't verdiirft Iech och d'Gesiicht.

Dir musst Iert A bewaachen,
wi een en Déif bewaacht;
as d'Sonn dee schéinste Stir och,
mir si fir d'Nuecht gemaacht.

Enthaltsem sid am Iessen,
am Denken ower d'meescht
a loosst Iech giren zéien
wi Schoofsbléis op de Leescht.«

Drop schléit den Dachs en Hallem
dem Renert op de Fouss
a seet: »Dee misst Der këssen
nach fir Ier heelzem Bouss.«

De Fuuss versprécht em alles,
a kësst den Hallem Stréi;
da schnappt en no ër Maischen
a kuckt no enger Kréi.

E konnt sech nët enthalen;
gesouch en och eng Pëll
zum Hingerstall entlafen,
da war en als wi wëll.

An hätt ee mat em Sewel
de Kapp em ofgehan;
dee wir eeriicht gefluen
zum Hingerstall eran.

Renert, IV. Gesank, Verse 289-380